Menu
Liesung mam Mil Goerens

Buchprésentatioun uschléissender Liesung a Signéierstonn

Wéini:  30.11.2017
              15.00 -17.00 Auer

Wou:  Forum vun der Libo Luxembourg-Gare

Klappentext:

De Mil GOERENS huet 3 Bicher op Lëtzbuergesch iwwer Soen aus dem Herzogtum Lëtzebuerg an de Grenze vu 1659 geschriwwen.

An den 3 Bicher ass rieds vun:
- Hexen an Hexeprozesser
- Hexemeeschteren a vum Däiwel
- Hellegen a Wonneren
- Tempelritter an anere couragéierte Ritter
- Risen an Zwergen
- Näischnotzen a raffinéierte Matmënschen
- Maarkeréckler an Hiewanen
- komesche Jeeër an anere bossege Patréiner
- Gespenster a Geeschter
- gespenstegen Déieren
- Moueren a Suppen
- versenkte Klacken an anere Phänomenen
- Trauliichter an Ierliichter

Di dräi Bicher si geografesch opgedeelt, an zwar vun Norden no Süden:
Buch 1: D'Kantone Wolz, Dikrech, Miersch, Lëtzebuerg an Esch
Buch 2: D'Kantone Klierf, Réiden a Capellen, donieft Neibelgien an d'Province de                               Luxembourg
Buch 3: D'Kantone Veianen, Iechternach, Gréiwemaacher, Réimech an di fréier däitsch                     Territoire vun der Äifel, willkürlech an Nordwestäifel a Südäifel opgedeelt

Op iwwer 2000 Säiten kritt den intresséierte Lieser eng zimlech détailléiert Iwwersicht, ënnermoolt mat den dozougehéirege Fotoen, iwwer dat wat sech am Mëttelalter an eisen Territoiren zougedroen huet a wat d'Fantasie vun de Leit déi Zäit befligelt huet.


Précédent