Menu
Bleiwen, wat mir ginn Agrandir l'image

Bleiwen, wat mir ginn

CATHY CLEMENT

9782879638249 2011

19,00 €

Dem Catherine seng Mamm Léonie an säi Stéifpapp Mich sinn allerdéngs net begeeschtert vun dëser Romanz. Et ass zwar net dem Catherine säin éischte Frënd, mee mat Ofstand deen „Bedrohlechsten“. Esou schwätzt d’Léonie vun der „Warnluucht“, déi bei hir opgaangen ass, wéi se de Jasiri fir d’éischte Kéier um Tëlefon hat. „Pass op!“, huet eppes ganz déif bannen a mir gejaut, an do wousst ech mol nach guer net, dass hie schwaarz wier, oder wéi d’Ketty ëmmer betount huet: „Schockela“. Béid Elterendeeler, d’Léonie an de Mich, wieren sech dergéint, als „Rassisten“ ofgestempelt ze ginn, an dach hunn esouwuel d’Catherine wéi och de Jasiri dësen Androck. D’Léonie gëtt och zou, datt si „dépassée par les évènements“ war. De Mich ass riicht eraus: Ech war vun Ufank un dergéint. Et huet sech och näischt u menger Meenung geännert. Deen Typ huet alles verschass, wat mir opgebaut hunn, en huet nëmme Schäiss an eist Liewe bruecht. Och wann hien net un allem Schold ass, wat schifgelaf ass, sou huet de Schäiss dach mat him ugefaang.Wéi ass et dann dozou komm, datt sech dës fir Lëtzebuerger Verhältnesser aussergewéinlech Liebesgeschicht zu esou enger Tragédie konnt auswuessen? Ongeheier beklemmend an dach net ouni Humor beschreift d’Cathy Clement, wéi d’Schicksal säi Laf hëlt ...D’Cathy Clement, 1979 zu Esch-Uelzecht gebuer, huet mat 15 Joer ugefaang Bicher ze schreiwen, meeschtens a senger Mammesprooch: Lëtzebuergesch. Hatt schreift am léifste fir an iwwer jonk Leit, „well d’Jugend einfach absolut spannend ass“.

  •   Post / Greco (Disponible sur commande)
  •   Libo Grevenmacher (Disponible sur commande)
  •   Libo Diekirch (Disponible sur commande)
  •   Libo Wiltz (Disponible sur commande)
  •   Wort-Shop Gasperich

30 autres produits dans la même catégorie :